Op Der Lay Buttek

Ab 19 € gratis Versand zu Lëtzebuerg & an d’EU.

Verléift an den 4. Tunnel
Verléift an den 4. Tunnel
Gilbert Pregno, 2013, 160 Säiten, Kommentaren zur Aktualitéit, Lëtzebuergesch
Op der Lay 813, ISBN 978-2-87967-193-2
11,55 x 18,6 cm, broschiert

Jiddweree kennt sécher dem Gilbert Pregno seng Cartes blanches op RTL. Hei huet hien eis eng Auswiel dovunner erausgesicht, déi hien iwwer d’Joere bis haut do bruecht huet. A verwonnert een, wa souguer seng eeler Texter bis haut nach ëmmer aktuell bleiwen?
€ 14,90
×
Meng längste Joren
Meng längste Joren
Kandheet a Jugend am 2. Weltkrich. En Duerfjong aus dem Éislek erënnert sech
Nicolas Feider, 2013, 288 Säiten,
Op der Lay 812, ISBN 978-2-87967-189-5
17,5 x 24,5 cm, haard Deckelen

De Nicolas Feider wollt an de Kolléisch goen, mä leider ass den 2. Weltkrich ausgebrach an hei zu Lëtzebuerg huet alles changéiert. Et goufe ganz laang Joren, bis et souwäit war, dass en endlech huet däerfe weider studéieren. Mir ginn a sengem Buch wierklech villes aus sengem Duerf a senger Ëmgéigend gewuer, mä de Feider Nuckes gëtt eis awer zugläich och en Iwwerbléck, wat an deene Joeren och am Ausland passéiert ass.
€ 29,90
×
Firwat
Firwat
Eine Familientragödie im 2. Weltkrich
Eine Hommage an meine Großeltern
Erny J. Lamborelle, 2014, 3. Auflage 2014, 496 Seiten, Hardcover, Deutsch
Op der Lay 814, ISBN 978-2-87967-196-3

Diese Frage „Firwat?” (dt. „Warum?) stellt sich bei der dramatischen Geschichte einer luxemburgischen Großfamilie im Zweiten Weltkrieg. Dabei werden die völlig unterschiedlichen Schicksale von drei zwangsrekrutierten Söhnen sowie die Folter und Hinrichtung von Vater Ernest und seiner zwei ältesten Söhne geschildert. Im Mittelpunkt steht die Mutter Marie, die mit ihren vier minderjährigen Kindern über einen Monat lang mitten unter SS-Soldaten im eigenen Haus überleben musste. Dazu liefert dieses Buch sehr viele Informationen, aber auch Fragestellungen über Zwangsrekrutierung, Widerstand, Kollaboration, Exilregierung, Epuration sowie Themen wie Vergessen, Verzeihen, Traumabewältigung.
Wohl selten hat ein Buch so viel Interesse in Luxemburg ausgelöst, deshalb war auch eine weitere Auflage innerhalb kürzester Zeit notwendig.

Mehr Informationen…
€ 39,00
×
La nuit est un autre jour
La nuit est un autre jour
Giulio-Enrico Pisani , 2014, 96 pages, poèmes, français
Op der Lay 176, ISBN 978-2-87967-198-7

Giulio-Enrico Pisani revient après quelques infidélités – journalisme, romans, essais – à cette poésie qui l'a toujours travaillé et lance avec „La nuit est un autre jour“ un nouveau message d'amour, dont les poèmes n'ont rien à envier à ses deux premiers recueils „Amours d'un soir fin septembre“ et „Amour, humour, fantasmes et rappels“. Il fait mieux: il se libère de toute contrainte académique et fait de l'amour le moteur plutôt que le sujet de sa poésie.

Illustrations par Carole Melmoux.
Tirage limité à 300 exemplaires


lire un extrait…
€ 14,90
×
Cielo Drive
Cielo Drive
Nico Valentin, 2014, 144 Säiten, Gedichter, Lëtzebuergesch
Op der Lay 177, ISBN 978-2-87967-199-4

No sengem Buch „Epidauros läit um Mier“ mat Geschichten läit elo e Gedichtband vum selwechten Auteur vir. Och hei bleiwt hien thematesch op der selwechter Linn wéi bei senge Geschichten. Et si meeschtens Momentopnamen, Gefiller, Erënnerungen, woubäi et beim Nico Valentin eng flott Mëschung gëtt vu Gedichter, déi zu Lëtzebuerg oder am Ausland entstane sinn.
D’Illustratioun um Ëmschlag ass vum Lëtzebuerger Moler Robert Brandy.

Auszuch liesen…
€ 14,90
×
Zikelalarm
Zikelalarm
eng kabarettistesch Liesung iwwer d’Erzéiung zu Lëtzebuerg
Roland Meyer, 2. Oplo 2015, 96 Säiten, Lëtzebuergesch
Op der Lay 179, ISBN 978-2-87967-206-9

De Roland Meyer huet joerelaang mat senge Kannerbicher op Lëtzebuergesch fir Bestseller gesuergt.
Wéi gudd hien och fir Erwuessener schreiwe kann, huet hien och scho gewisen, well fir säin éischte Roman Muedebëtzeg (3. Oplo) krut hien 2013 de Lëtzebuerger Buchpräis an 2015 de Servais-Präis fir Roughmix, säin zweete Roman op Lëtzebuergesch.

Méi Informatiounen…
€ 9,90
×
Zikelalarm II
Zikelalarm II
een Dag am Liewe vun engem Enseignant
Fotoe vum Claude Sibenaler
Roland Meyer, 2016, 112 Säiten, Lëtzebuergesch
Op der Lay 182, ISBN 978-2-87967-216-8

Den Zikelalarm war e ganz grousse Succès a läit dofir och an der 2. Oplo vir. Mä de Roland Meyer war och mat engem weidere Liesprogramm ënnerwee, deen een och mat der Schoul ze dinn hat an deen hien dowéinst Zikelalarm II genannt hat.

Also huet Zikelalarm II och mam Beruff vum Schoulmeeschter ze dinn. De Roland Meyer gesäit dat natierlech erëm e bëssen aus der Siicht vum Kabarettist. Oder vermësche sech dach net dacks do Kabaret a Wierklechkeet?

Méi Informatiounen…
€ 10,90
×
Weekend mat Bléck op Fräiheet
Weekend mat Bléck op Fräiheet
Gast Groeber, 2015, 200 Säiten, Roman, Lëtzebuergesch
Op der Lay 178, ISBN 978-2-87967-205-2

Am Hierscht 2010 gëtt dem Gast Groeber säi Jugendroman De Griss publizéiert, deen et direkt op d’Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis 2011 packt.
Säi Roman Manu kënnt op d’Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis 2013.
Am Hierscht 2013 kënnt eng Sammlung vun néng Kuerzgeschichten eraus: All Dag verstoppt en aneren. Dës Publikatioun gewënnt an der Kategori Literatur de Lëtzebuerger Buchpräis 2014.

Méi Informatiounen…
€ 14,90
×
Todfeind
Todfeind
Marco Schank, 2015, 288 Seiten, broschiert, Kriminalroman
Op der Lay 180, ISBN 978-2-87967-208-3

Einige Jahr mussten die Krimi-Leser schon auf den neuen Roman von Marco Schank warten.
Aus zeitlichen Gründen kam dieser Autor nämlich gar nicht zum Schreiben von Kriminalromanen, weil er Minister in der Luxemburger Regierung geworden war und diese Arbeit ihm die Zeit für literarisches Schreiben nicht mehr gestattete.
Dass es zu einem Regierungswechsel kam, weiß natürlich jeder Luxemburger. Und gerade dies ermöglichte es Marco Schank, wieder seinem Hobby als Kriminalschriftsteller nachzugehen – und gleichzeitig hatte er auch das Thema für seinen neuen Roman gefunden. Intrigen um Spitzenkandidatur und Dreierkoalition: Wer seine Krimis mit dem von ihm erfundenen Luxemburger Commissaire Robert Mathieu mit Genuss gelesen hat, wird auch von von «Todfeind» begeistert sein. Und das waren schon sehr viele!

Mehr Informationen…

€ 14,90
×
E Liewensulaf
E Liewensulaf
Biographesch-Historesches 1937-1967
Jean-Paul Hurt
, 2016, 272 Säiten, Hardcover, Lëtzebuergesch
Op der Lay 818, ISBN 978-2-87967-210-6

De Jean-Paul Hurt huet op d’Fro vu senge Kanner „Pappa, mir wëssen net, wéi dir gelieft hutt.” reagéiert an déi éischt 30 Joer vu sengem Liewen opgeschriwwen.


Méi Informatiounen…

€ 29,00
×
Den Zoufall huet matgespillt
Den Zoufall huet matgespillt
Omnia casu fiunt
Biographesch-Historesches 1937-2015
René Hübsch
, 2017, 312 Säiten, gebonnen, haard Deckelen, Lëtzebuergesch
Op der Lay 823, ISBN 978-2-87967-222-9

De René Hübsch faasst säi wierklech interessant Liewe kuerz sou zesummen:

Kannerzäit am Krich, Pri­mär­schoul zu Ettelbréck, 7 Joer am Kolléisch zu Dikrech, Stu­dien an der Stad an op der Sor­bonne zu Paräis, Mi­li­tär­déngscht um Härebierg, Stage an e puer Joerzéngten als Proff an Directeur adjoint am LCD, Veräinsliewen zu Ettelbréck, Bau­en a Wun­nen zu Angelduerf, Ge­men­ge­politik zu Ierpeldeng, 10 Joer Asaz an der Chamber an am NATO-Parlement, am Edu­ca­tiounsministère d’Re­form vun der Er­wues­se­ne­bil­dung a schliiss­lech eng ganz ak­tiv Pen­sioun.

Méi Informatiounen…
€ 29,90
×
Eng Stad ënnert dem Himmel
Eng Stad ënnert dem Himmel
Gast Groeber, 2016, 126 Säiten, Kuerzgeschichten, 11,5 x 18,6 cm, broschéiert, Lëtzebuergesch
Op der Lay 183, ISBN 978-2-87967-217-5

Am Hierscht 2016 bréngt Op der Lay mat Eng Stad ënnert dem Himmel dem Gast Groeber säi 5. Buch eraus. Dës Kéier huet den Auteur seng Kuerzge­schichten ënnertenee verknëppt, wat ganz iwwerraschend fir de Lieser ass.


Méi Informatiounen…

€ 12,90
×
Aname
Aname
Charles Meder, 2016, 200 Seiten, Novelle, 11,5x18,6 cm, broschiert, Deutsch
Op der Lay 184, ISBN 978-2-87967-220-5

Fliegen und frei sein. Wie ein Vogel die Flügel ausbreiten, sich in die Lüfte schwingen und endlos Kreise ziehen. Alles hinter sich lassen. Das Belastende, das Vergangene, das Schmerzliche.
Stattdessen sitzt Jule fest. In einem Netz von Verpflichtungen, Erwartungen und Lügen. Als ihre Mutter in ein mysteriöses Wachkoma fällt, potenzieren sich die Ereignisse. Fieberhaft macht Jule sich auf die Suche nach den Ursachen für den Zustand der Mutter, wobei sie immer mehr auf ihre eigene Wahrheit und auf die ihrer Familie stößt. Es ist eine Reise zu den eigenen Wurzeln, an deren Ende ganz Unerwartetes steht.


Mehr Informationen…
€ 18,90
×
Tel Mo
Tel Mo
Roland Meyer, 2017, 168 Säiten, Lëtzebuergesch
Op der Lay 185, ISBN 978-2-87967-221-2

2009 ass dem Roland Meyer säi lescht Kannerbuch "Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen" erauskomm. Dono koume just nach Bicher fir Erwuessener an et huet een sech schonns d'Fro gestallt, ob et de Kannerbuchauteur Meyer net méi géif.

Elo huet hie mat "Tel Mo" nees e "Kannerbuch fir erwuesse Leit" erausbruecht, grad esou wéi "Den décken dommen Dudu" vun 2004 a "Mango Panda" vun 2007. Mee wat genee mengt den Auteur domat?


Méi Informatiounen…
€ 14,90
×
Bilansgespréicher
Bilansgespréicher
Dem Lëtzebuerger Alldag op den Zant gefillt
Fränk Muno / Joël Rollinger / Chris Warszta
, 2017, 104 Säiten, haard Deckelen, spiraléiert, 32 x 25cm, Lëtzebuergesch
Op der Lay 186, ISBN 978-2-87967-227-4

Bilansgespréicher ass eng Sammlung vun Texter aus der Fieder vum Chris Warzta a Fränk Muno, an deem si dem Lëtzebuerger Alldag op den Zant fillen. Dobäi beliichte si eng ganz Rei vun typesche Situatiounen, déi deene meeschte vun eis net onbekannt wäerte virkommen. Mol méi kritesch an nodenklech, an da rëm sou déck opgedroen, datt en sech e Schmunzelen net verknäife kann, knäppe si sech vir, wat hei am Ländche sou leeft. Dobäi huelen si och mol sech selwer an déi jonk Generatioun op d’Schëpp. Sou ergëtt sech eng erfrëschend Mëschung aus méi batteren, awer och ganz lëschtege Situatiounen, déi op kleng a grouss Mëssstänn opmierksam maachen.


Méi Informatiounen…
€ 35,00
×
Säit 1 :: 2 :: 3 :: 4 :: 5 :: 6 :: 7 :: 8 :: 9 :: 10 :: 11