Op Der Lay Buttek

Ab 19 € gratis Versand zu Lëtzebuerg & an d’EU.

Winni-Pu
Winni-Pu
A. A. Milne, 2000, 2. Oplo 2001, Kannerbuch, 176 Säiten, aus dem Engleschen iwwerdroe vum Henry Wickens
mat Illustratioune vum E. H. Shepard
Op der Lay 521, ISBN 978-2-87967-076-8

Winnie-The-Pooh ass deen englesche Klassiker bei de Kannerbicher an ass op eng wierklech gutt Mannéier op Lëtzebuergesch vum Henry Wickens iwwersat ginn.

Méi Informatiounen…
€ 10,90
×
D’Haus um Pu-Eck
D’Haus um Pu-Eck
A. A. Milne, 2000, Kannerbuch, 192 Säiten, aus dem Engleschen iwwerdroe vum Henry Wickens
mat Illustratioune vum E. H. Shepard
Op der Lay 522, ISBN 978-2-87967-081-2

Nom ‘Winni-Pu’ op Lëtzebuergesch ass et klor, dass d’Kanner (an déi Erwuessen) och op deen zweeten Deel vum englesche Klassiker bei de Kannerbicher, The House At Pooh-Corner, gewaart hunn.


Méi Informatiounen…
€ 10,90
×
Den Heppi Böersday N° 4
Den Heppi Böersday N° 4
Mady Durrer / Sandy Goedert, 2007, 2. Oplo 2010, Kannerbuch, 40 Säiten, mat haarden Deckelen, Lëtzebuergesch
faarweg illustréiert vum Sandy Goedert
Op der Lay 538, ISBN 978-2-87967-148-2

Den Heppi ass eng Käerz a sicht beim Bäcker no „sengem” Gebuertsdagskuch, well hie weess, datt hien haut d’Éier huet, fir op deem Kuch ze stoen, wou e 4. Gebuertsdag gefeiert gëtt.


Méi Informatiounen…
€ 14,90
×
De giele Fleck
De giele Fleck
Nico Helminger / Simone Johann, 2008, Kannerbuch, 20 Säiten, geheft, Lëtzebuergesch
faarweg illustréiert vum Simone Johann
Op der Lay 533, ISBN 978-2-87967-127-7

‘De giele Fleck’ ass entstan aus enger Zesummenaarbecht tëschent dem Simone Johann, wat d’Iddi an d’Illustratioune bäigesteiert huet, an, fir den Text, dem Auteur Nico Helminger, dee jo 2008 mam Batty-Weber-Präis ausgezeechent gouf.


Méi Informatiounen…
€ 4,90
×
Sage nicht immer Mama zu meiner Mama
Sage nicht immer Mama zu meiner Mama
Fernand Muller-Hornick, 1990, Erzählung für Kinder, 84 Seiten, Deutsch
farbig illustriert von Renée Weber
Op der Lay 501, ISBN 978-2-87967-005-8

Dies ist das erste Kinderbuch, das bei Op der Lay erschienen ist.


Mehr Informationen…
€ 7,90
×
Kira et son ami Fernando
Kira et son ami Fernando
Chantal Schenten-Keller, 1993, Livre pour enfants, 40 pages, cartonné, français
illustrations en couleur par Pascale Junker
Op der Lay 506, ISBN 978-2-87967-018-8

Un nouvel élève vient dans la classe de Kira. Et en plus c’est un étranger. C‘est la bagarre. Mais tous les enfants deviennent vite amis, quand l’instituteur arrive. Et avec les farces qu’on joue l’amitié grandit rapidement.
€ 13,60
×
Wa Lämmercher grouss ginn
Wa Lämmercher grouss ginn
Marie Hoffmann, 2012, Kannerbuch, 16 Säiten, 29,7 x 21 cm, faarweg, geheft, Lëtzebuergesch
faarweg illustréiert vum Marie Hoffmann
Op der Lay 546, ISBN 978-2-87967-184-0
Lëtzebuerger Buchpräis (Kanner- a Jugendbuch)

De Mick ass dat jéngste Schof aus der Famill a fënnt, datt si ganz «belämmert» ausgesi mat all deene Krauselen.
Dofir geet hie bei de Coiffeur an ass ganz houfreg, dass hien elo seng Hoer lass ass. Mä datt och déi bei de Schof awer och nëtzlech sinn, fënnt hien awer och dunn eraus.
An natierlech sinn och d’Illustratiounen all vum Marie Hoffmann a sengem éischte Kannerbuch mat Schofswoll gefilzt ginn.
€ 5,90
×
D'Oinki sicht e Spillkolleeg
D'Oinki sicht e Spillkolleeg
Christiane Weires, 2013, Kannerbuch, 22 Säiten, faarweg illustréiert vum Christiane Weires, Lëtzebuergesch
Op der Lay 547, ISBN 978-2-87967-186-4

Dat éischt Kannerbuch vum Christiane Weires ass elo bei Op der Lay erauskomm.
D'Oinki ass e klengt Schwäin, wat matzen am Bësch an engem Haische wunnt. Mä eleng ze spillen ass guer net sou flott an dofir mécht hatt sech op de Wee, fir Spillkolleegen ze fannen. Wien et do begéint a wéi déi Sich ausgeet, ass natierlech am schéinsten, wann een dat mat senge Kanner zesumme kuckt.
€ 4,90
×
De Bier, deen eng Méck verschléckt hat
De Bier, deen eng Méck verschléckt hat
Claudine Muno / Pascale Junker, 2013, 48 Säiten, 21 x 21 cm, haard Deckelen, Kannerbuch, Lëtzebuergesch
Op der Lay 548, ISBN 978-2-87967-191-8

No de Bicher iwwert d’Zoe kommen d’Claudine Muno (Text) an d’Pascale Junker (Illustratiounen) mat engem neie Buch, wou e Bier duerch Zoufall eng Méck verschléckt. Mä déi wëll awer erëm aus sengem Bauch eraus a wat do alles passéiert, muss ee scho selwer kucken a liesen.
€ 14,90
×
De Molbier
De Molbier
D’Molbuch zum Kannerbuch «De Bier, deen eng Méck verschléckt hat»
Pascale Junker, 2013, 16 Säiten, 15 x 15 cm, geheft
Op der Lay 549, ISBN 978-2-87967-192-5

E Molbuch mat Motiven aus dem Kannerbuch „De Bier, deen eng Méck verschléckt hat“
vum Claudine Muno a Pascale Junker, mä et muss een dat Buch awer net hunn, well et och sou Spaass mécht, well dora kann ee kritzelen, roden, faarweg molen. Du bass de Kënschtler!
€ 2,00
×
De Bopi Néckel fiert an d’Vakanz
De Bopi Néckel fiert an d’Vakanz
Renée Weber, 2013, Kannerbuch, 64 Säiten, 21 x 21 cm, haard Deckelen, Lëtzebuergesch
Op der Lay 550, ISBN 978-2-87967-195-6

No enger ganzer Rei erfolgräicher Bicher fir Kanner kënnt elo en neit vum Renée Weber: De Bopi Néckel fiert mat sengen 10 Kanéngercher an Holland op de Camping. Ma dat ka jo flott ginn. A genee dat gëtt et. Well um Camping trëtt och den Zauberer Sputnik op, mä virun allem verschwënnt ee Kanéngchen nom aneren, awer wouhin?
€ 15,90
×
D’Oinki, d’Quaki an de Fuuss
D’Oinki, d’Quaki an de Fuuss
Christiane Weires, 2014, Kannerbuch, 24 Säiten, faarweg illustréiert vum Christiane Weires, Lëtzebuergesch
Op der Lay 551, ISBN 978-2-87967-201-4

No sengem éischte Buch fir Kanner „D’Oinki sicht e Spillkolleeg“ bréngt d’Christiane Weires eng nei Geschicht vum Fierkelchen Oinki.
Mëttlerweil wunnt hatt net méi eleng a sengem Haischen am Bësch, mä als Noper huet et aner Déier kritt.
Dozou gehéiert och d’Gäns Quaki, hannert där awer ëmmer de Fuuss hier ass, well hien Appetit op d’Quaki huet.
Wat sech d’Oinki a seng Frënn dogéint afale loossen, liest der awer besser selwer an dësem flott illustréierte Kannerbuch.
€ 4,90
×
Häerz aus Äis
Häerz aus Äis
Mäerchen
Melly Englebert
, 2014, Kannerbuch, 22 Säiten, 20x14 cm, geheft, faarweg illustréiert vum Melly Englebert, Lëtzebuergesch
Op der Lay 552, ISBN 978-2-87967-202-1

De Nordwand huet dee schéinste Somkär vun der wonnerschéiner Pissblum op eng ongewéinlech Rees matgeholl. Doduerch ass dee Somkär op engem décke Koup Äis geland. An do trëfft en op de klenge Schnéimann mat sengem Häerz aus Äis, dee gär an d’Häerzland reese wëllt, fir säin Häerz do ze verschenken.
Mat der Hëllef vun engem Äisbierg, enger Méiw, de Sonneblummekären an natierlech dem Pissblummesomkär geet et dann endlech op d’Rees.
Mä wëllt iwwerhaapt een dat Häerz aus Äis?

Mat hirem éischte Buch huet déi lëtzebuergesch Molerin Melly Englebert, déi an Däitschland liewt, e klengt Mäerche fir Kanner geschriwwen an et natierlech selwer illustréiert.
€ 4,90
×
D'Alice am Wonnerland
D'Alice am Wonnerland
Lewis Carroll, 2015, Buch fir Kanner, 144 Säiten, an d’Lëtzebuergescht iwwerdroe vum Henry Wickens, illustréiert vum Carole Meyer, mat haarden Deckelen
Op der Lay 553, ISBN 978-2-87967-203-8

De Lewis Carroll (mam richtegen Numm Charles Lutwidge Dodgson) (1832-1898) war Unisprof fir Mathematik zu Oxford. Hie war zwar Jonggesell an hat selwer keng Kanner, huet awer immens gär Geschichte fir d’Kanner vu senge Kolleegen verzielt. Eng vun deene Geschichten – fir d’Alice Liddell – huet hien 1865 ënnert dem Numm «Alice in Wonderland» publizéiert an domat de moderne Genre vun der Kanner-Fantasy-Literatur erfonnt.

Méi Informatioune…
€ 19,90
×
Eng Maus am Haus
Eng Maus am Haus
Renée Weber, 2015, Kannerbuch, 44 Säiten, faarweg illustréiert vun de Kanner aus der Heischter Kannerstuff, Lëtzebuergesch
Op der Lay 554, ISBN 978-2-87967-212-0

«Net all Maison Relais huet d'Chance, eng Geschichtenerzielerin bei sech schaffen ze hunn», schreiwt Ghislaine Feinen am Virwuert an erkläert, wéi et zu deem Kannerbuch hei kommen ass. D'Renée Weber, wat mat senge Bicher «D’Ann Spann an de Rolfi Raup» (4. Oplo), «Alles wéinst dem Willi Wull» (3. Oplo), «Muhna Lisa» (2. Oplo), «Dem klenge Felix seng grouss Rees» (2. Oplo), «Wou ass de Sam?», «Bommel» an «De Bopi Néckel fiert an d’Vakanz» eng immens grouss Erfarung bei den Texter wéi och bei den Illustratioune sammele konnt, huet sech eng Geschicht ausgeduecht an d'Kanner aus der Heischter Kannerstuff hu fir déi Geschicht Biller gemoolt.


Méi Informatiounen…
€ 10,00
×
Säit 1 :: 2 :: 3