Op Der Lay F.A.Q.

Froen, déi mir dacks gestallt kréien. (Drop klicken fir d'Äntwert ze liesen.)

Wéini kënnt meng Bestellung?

Mir man eis Bescht fir esou séier wéi méiglech alles ze verpaken an ze verschécken. Normalerweis dierft et net méi wéi 1 Woch daueren, bis d'Post se bréngt.

Wéi vill kascht de Transport?

Ab 19 € guer näischt, also gratis. Drënner sinn et 2 € fir de Porto.

Ass et méiglech an d'Ausland ze Bestellen?

An der EU ass den Transport ab 19 € Akaf gratis. Fir aner Destinatioune kontaktéiert eis am beschten.

Firwat si lëtzebuerger Bicher sou deier?

Lëtzebuerg ass jo eent vun de klengste Länner vun der Welt. An domat ginn d'Oploen och ganz kleng. Well awer elo d'Drockkäschten op just e puer Exemplare verdeelt musse ginn, si Bicher aus Lëtzebuerg e bësse méi deier. Duerch d'Hëllef vum Nationale Kulturfong bleiwen d'Bicher op d'mannst erschwénglech fir jiddereen, well déi finanziell Hëllef och vun Op der Lay un d'Lieser weidergereecht gëtt. Op där anerer Säit kann ee sech natierlech och soen, datt Bicher aus Lëtzebuerg Raritéite sinn, well se eben net mat honnertdausenden Exemplare gemaach ginn. An eppes Extraes kascht nun eemol e bësse méi. Gesäit een awer op deer anerer Säit, wéivill z.B. en Entréesbiljet fir de Kino, e Pak Zigaretten asw. kascht, sinn d'Bicher vun Op der Lay scho bal geschenkt.

Ech hunn e Manuskript geschriwwen. A lo?

Bitt Äert Manuskript enger Editioun un. D'Adresse fannt Dir an all offiziellem Katalog vun der Federatioun vun den Editeuren, vun der Agence Culturelle oder vum Kulturministär. Wann Der awer wierklech vun Ärer Aarbecht iwwerzeegt sidd a mir sinn et dann och, wäerte mir och eemol matenee schaffen. Mä mir maachen net vill Bicher, dofir awer gudder (menge mir mol). Mir probéieren och, en héijen Niveau an eisem Programm ze halen. Mir leeën dofir och méi Manuskripter of wéi mer der unhuelen. Mä mir hunn an de leschte Joere wuel méi wéi all aner Editiounen am Land dem Nowuess eng éischt Chance ginn. A mir hate ganz Recht domatter!

Kréien ech mäi Manuskript zréckgeschéckt?

Leider ass et eis wéinst viller Aarbecht an héije Käschten net méi méiglech, onverlaangt ageschéckt Manuskripter zréckzeschécken.

Ech bezuelen Iech mäi Buch, wann et rauskënnt.

"Ech bezuelen Iech och mäi Buch, wann et an Ärem Verlag erauskënnt." Dat ass alles ganz léiw geduecht. Da fannt Dir och bestëmmt een Editeur, mä vläicht net grad eis. Wéi mer scho virdru gesot hunn, wëlle mir dee gudden Numm, dee mer bei eise Lieser hunn, och behalen. Natierlech ass et méiglech, datt Äert Buch gudd ass. Dann huele mir et och, wa mir nach Plaz am Programm hunn (wat och schonn ëmmer méi schwéier gëtt). Dir kritt awer dann en Autorenhonorar a musst net Äert Spuerbuch plëmmen.

Eng Broschür oder e Buch fir de Club

"Mir wëllen eng Broschür oder e Buch fir de souvillte Jubiläum vun eisem Club oder eiser Organisatioun erausginn. Maacht Dir sou eppes och?" Sécher maache mir sou eppes. Mir kënnen och schonn eng gutt Parti zefridde Clienten virweisen. Déi Bicher muss Äre Club dann awer selwer bezuelen. Do schwätze mir Iech och net dran, mä mir maachen Iech gutt Virschléi, de Lay-out an d'Korrekture vun Ärer Broschür. Weider kënne mir eis och ëm den Drock an ëm d'Banne këmmeren, wann dat vun Iech gewënscht ass, a mir liwweren Iech dann e fäerdegt Produkt. Wann Dir sou eppes wëlles huet, schwätzt roueg mol mat eis wéinst engem Devis.

Wéi vill Bicher huet OP DER LAY erausginn?

Natierlech hu mir vill méi Bicher, Cassetten a Placken erausginn, wéi der op eise Säiten am Internet ze fanne sinn. E puer Titele vun eis sinn och scho vergraff. Am ganzen hu mir bis Ufank 2011 méi wéi 175 Titelen mat iwwert 191.000 Exemplaren ënnert eisem Numm publizéiert. Dorënner ronn 65 Nei-Oploen.

Ass OP DER LAY och e Museksverlag?

Jo, mir hunn och eng International Standard Music Number (ISMN), wou mir un dat däitscht VLM-Verzeechnis (Verzeichnis lieferbarer Musikalien) ugeschloss sinn. Well mir och en eegene Label-Code (LC-Nummer) hunn, kënnen eis CD och an Däitschland bei den Öffentlech-rechtleche Sender (ARD, ZDF...) virgestallt a gespillt ginn. Mat der Musek hale mir et d'selwecht wéi mat der Literatur, also kuckt nach eemol uewen no!

Wat ass een ebook?

Ebook steet fir "electronic book". Eis ebooks sinn am .epub Format, an kennen op enger Rei Apparater gelies ginn: mat iBooks um Mac, iPhone an iPad; mat Aldiko, CoolReader oder FBReader um Android; um Nook vu Barnes & Noble; um BlackBerry PlayBook; um Kobo eReader; um Sony Reader; oder nach mat Freda an Stanzetta um Windows Phone. Wann Dir een ebook bei eis kaaft, kritt Dir direkt eng Email mat engem Download-Link. Eis ebooks ginn et och um iBookstore. Wann Dir ee Kindle hutt, kenn Dir eis ebooks direkt iwwert de Kindle Store kafen.

Eng aner Fro? Loscht ze poteren? Schéckt eis alles op fro@opderlay.com, mir freeën eis iwwer all Bréif.