Op Der Lay Blog

Feierdeeg Enn 2012

2012 war fir Op der Lay e Joer mat ganz vill Erfolleg: mir hunn eng ganz Rei nei Bicher erausginn an och 2 Buchpräisser kritt.
Fir d'näechst Joer hu mir och schonn eng ganz Rei Pläng.
Och eisen Online-Shop ass ganz gudd besicht ginn.
Well awer elo d'Feierdeeg kommen an och d'Post dann eng Rei vun Deeg net liwwert, ginn d'Bicher an d'CDen, déi hei bestallt ginn, an der éischter Woch Januar 2013 verschéckt. Mir bieden Iech dofir ëm Äert Versteeesdemech.

Schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch!

2 Buchpräisser a 4 nei Bicher

D'Walfer Bicherdeeg bidden zu Lëtzebuerg ëmmer déi Geleeënheet, fir nei Bicher engem ganz grousse Publikum ze presentéieren.
2012 huet Op der Lay awer och do 2 Buchpräisser kritt:
de Lëtzebuerger Buchpräis an der Literatur mam Roland Meyer sengem Roman Muedebëtzeg, deen och schonn an 2. Oplo virläit,
an de Lëtzebuerger Buchpräis beim Bild- a Konschtband mat dem Henriette Nittel sengem Buch De Mann aus dem Séi, och schonn an der 2. Oplo.
Weider huet Op der Lay dësen Hierscht 4 nei Bicher, déi der all hei an eisem Onlineshop fannt:
Gast Groeber: Manu. Roman
Nico Valentin: Epidauros läit um Mier. Geschichten
Jalel El Gharbi & Giulio-Enrico Pisani: Des passantes et des passants. Anthologie de poésie
Marie Hoffmann: Wa Lämmercher grouss ginn. Kannerbuch

Mir wënschen Iech eng gudd Lektür!

Bestsellerlëscht Abrëll 2012

No der 2. Plaz bei den nationale Bestseller am Mäerz ass "De Mann aus dem Séi" vum Henriette Nittel (Op der Lay) elo am Abrëll op der Plaz 1 vun der Bestsellerlëscht.
An op der Plaz 8 fanne mer och schonn deen neie Roman "Muedebëtzeg" vum Roland Meyer (Op der Lay).

De Mann aus dem Séi

Elo ass dat Buch vum Henriette Nittel mat ganz ville Fotoe vum Léon Hoffmann, also vun «DEM Mann aus dem Séi», do an natierlech fannt Dir et och hei op eisem Webshop am Moment ënnen op der Startsäit. En eemolegt Dokument aus de 50er Joeren. An den Transport ass bei deem Präis souguer gratis

Häerzlech wëllkomm an eisem Webshop

D'Editioun OP DER LAY huet och elo säin eegene Webshop, wou Dir an aller Rou eis Publikatioune kucken a bestelle kënnt.
Wann Dir Bicher an/oder CDe fir op d'mannst 19 € bestellt, ass den Transport souguer gratis, soss kascht en Iech 2 €.
Mir si frou, fir Iech hei als Client begréissen ze kënnen.
Méi al Antreeg