Op Der Lay Buttek

Wëllkomm! Ab 19 € gratis Versand zu Lëtzebuerg & an d’EU.

Epidauros läit um Mier
Epidauros läit um Mier
Nico Valentin, 2012, 128 Säiten,11,5 x 18,6 cm, broschéiert, Geschichten, Lëtzebuergesch
Op der Lay 169, ISBN 978-2-87967-180-2

Dem Nico Valentin seng Geschichte spillen hei zu Lëtzebuerg, mä och ganz vill am Ausland. Seng Momentopnamen hunn eppes Nostalgesches, mä och eppes ganz Modernes u sech, wat et sou an der Lëtzebuerger Literatur nach bis elo praktesch net gouf. An et gesäit een, datt un allem Alldeeglechen och ëmmer eppes ganz Aussergewéinleches drunhänkt.
€ 10,90
×
Wa Lämmercher grouss ginn
Wa Lämmercher grouss ginn
Marie Hoffmann, 2012, Kannerbuch, 16 Säiten, 29,7 x 21 cm, faarweg, geheft, Lëtzebuergesch
faarweg illustréiert vum Marie Hoffmann
Op der Lay 546, ISBN 978-2-87967-184-0
Lëtzebuerger Buchpräis (Kanner- a Jugendbuch)

De Mick ass dat jéngste Schof aus der Famill a fënnt, datt si ganz «belämmert» ausgesi mat all deene Krauselen.
Dofir geet hie bei de Coiffeur an ass ganz houfreg, dass hien elo seng Hoer lass ass. Mä datt och déi bei de Schof awer och nëtzlech sinn, fënnt hien awer och dunn eraus.
An natierlech sinn och d’Illustratiounen all vum Marie Hoffmann a sengem éischte Kannerbuch mat Schofswoll gefilzt ginn.
€ 5,90
×
Manu
Manu
Gast Groeber, 2012, 192 Säiten, 11,5 x 18,6 cm, broschéiert, Roman, Lëtzebuergesch
Op der Lay 170, ISBN 978-2-87967-181-9

No engem Buch fir Jonker „De Griss“, erschéngen 2010 bei Op der Lay, huet de Gast Groeber e moderne Lëtzebuerger Roman geschriwwen.

Méi Informatiounen…
€ 14,90
×
Des passantes et des passants
Des passantes et des passants
Désirer/être désiré(e)
Jalel El Gharbi & Giulio-Enrico Pisani , 2012, 200 pages, 15,5 x 23 cm, Hardcover, Anthologie de poésie, français
Op der Lay 171, ISBN 978-2-87967-182-6

Passer ou voir passer ?
Selon Jalel El Gharbi et Giulio-Enrico Pisani, passants et passantes sont poétiques, car négation de l’appropriation, de la possession, de la fixation. Ils sont, vont, mais ne s’arrêtent pas.
Essayez de les retenir et ils disparaissent comme bulle de savon, aérienne et défiant la pesanteur.

Illustrations par Carole Melmoux.
Tirage limité à 300 exemplaires.
€ 32,00
×
De Mann aus dem Séi
De Mann aus dem Séi
e Liewe virum Stau
Der Mann aus dem See / L'homme du lac
Henriette Nittel, 2. Oplo 2012, 240 Säiten, Hardcover, Format:  21x23 cm, Lëtzebuergesch / Deutsch / français
Fotoe vum Léon Hoffmann
Op der Lay 808, ISBN 978-2-87967-175-8
Lëtzebuerger Buchpräis 2012
(Bild- a Konschtband)


D'Henriette Nittel liwwert eis e Portrait vun engem vun deene Leit, déi wéinst dem Stauséi zu Esch-Sauer hu missen an den 1950er Joere hiert Haus am Sauerdall verloossen, well do haut zig Meter Waasser driwwer stinn. De Léon Hoffmann hat säi ganzt Liewen zu Lëltz ënne bei der Sauer verbruecht an du huet et op eemol geheescht, sech en anert Doheem ze sichen. Mat ganz ville Fotoen aus dem Léon Hoffmann senger Privatkollektioun gëtt eng vun deene wichtegste Periode vum Lëtzebuerger Land erëm präsent an et versteet ee sécher och besser, wéi wichteg datt haut dat Stauséigebitt fir Lëtzebuerg ass.

deutsche Beschreibung / description française
€ 29,90
×
Muedebëtzeg
Muedebëtzeg
Roland Meyer, 2011, 2. Oplo 2012, 224 Säiten, Roman, Lëtzebuergesch
Op der Lay 167, ISBN 978-2-87967-178-9
Lëtzebuerger Buchpräis 2012
(Literatur)


De Roland Meyer ass sécher de Lieser vu ganz ville Bicher vun Op der Lay als Kannerbuch- oder Jugendbuchautor bekannt. Mä hien huet och Kabaretstexter fir Erwuessener geschriwwen. Muedebëtzeg, wat Op der Lay elo erausginn huet, ass weder dat eent nach dat anert: Et ass e literarescht Buch fir Erwuessener vum Roland Meyer, also net fir Jonker. A mat Kabaretstexter huet et héchstens eppes Gesellschaftskritesches gemeinsam. Et ass e moderne Roman op Lëtzebuergesch, wéi et der eigentlech méi misst ginn.

Méi Informatiounen…
€ 14,90
×
De Bier, deen eng Méck verschléckt hat
De Bier, deen eng Méck verschléckt hat
Claudine Muno / Pascale Junker, 2013, 48 Säiten, 21 x 21 cm, haard Deckelen, Kannerbuch, Lëtzebuergesch
Op der Lay 548, ISBN 978-2-87967-191-8

No de Bicher iwwert d’Zoe kommen d’Claudine Muno (Text) an d’Pascale Junker (Illustratiounen) mat engem neie Buch, wou e Bier duerch Zoufall eng Méck verschléckt. Mä déi wëll awer erëm aus sengem Bauch eraus a wat do alles passéiert, muss ee scho selwer kucken a liesen.
€ 14,90
×
De Bopi Néckel fiert an d’Vakanz
De Bopi Néckel fiert an d’Vakanz
Renée Weber, 2013, Kannerbuch, 64 Säiten, 21 x 21 cm, haard Deckelen, Lëtzebuergesch
Op der Lay 550, ISBN 978-2-87967-195-6

No enger ganzer Rei erfolgräicher Bicher fir Kanner kënnt elo en neit vum Renée Weber: De Bopi Néckel fiert mat sengen 10 Kanéngercher an Holland op de Camping. Ma dat ka jo flott ginn. A genee dat gëtt et. Well um Camping trëtt och den Zauberer Sputnik op, mä virun allem verschwënnt ee Kanéngchen nom aneren, awer wouhin?
€ 15,90
×
Meng längste Joren
Meng längste Joren
Kandheet a Jugend am 2. Weltkrich. En Duerfjong aus dem Éislek erënnert sech
Nicolas Feider, 2013, 288 Säiten,
Op der Lay 812, ISBN 978-2-87967-189-5
17,5 x 24,5 cm, haard Deckelen

De Nicolas Feider wollt an de Kolléisch goen, mä leider ass den 2. Weltkrich ausgebrach an hei zu Lëtzebuerg huet alles changéiert. Et goufe ganz laang Joren, bis et souwäit war, dass en endlech huet däerfe weider studéieren. Mir ginn a sengem Buch wierklech villes aus sengem Duerf a senger Ëmgéigend gewuer, mä de Feider Nuckes gëtt eis awer zugläich och en Iwwerbléck, wat an deene Joeren och am Ausland passéiert ass.
€ 29,90
×